Den 16 September hat de Comité vun der AAT eng Entrevue mam Minister Serge Wilmes. Et war eng éischt Reunioun mam neie Minister vun der Fonction Publique nom leschten Regierungswiessel vun 2023.
No der Presentatioun vun der AAT, ass an engem agreabelen a konstruktive Klima ënner anerem den Thema vun der Harmonisatioun (Projet de loi 8040) an déi domat verbonne Vir an Nodeeler fir eis Karriär ugeschwat ginn. Och déi weider Entwécklung vun der Meeschterprüfung war een Thema an dëser Reunioun.
Mir hunn och eng weider Reunioun mam Minister festgehalen wa bis d' Harmonisatioun duerch Chamber gestëmmt ass.
Kollegial Gréiss,
Marcel Pletschette
Präsident vun der AAT
This will close in 60 seconds