Missions
D’Associatioun vun den Techneschen Agenten vum Staat (AAT) a.s.b.l. ass eng berufflech a syndikalistesch Organisatioun, déi hir Originen an der Associatioun vum Technesche Staatspersonal huet, gegrënnt de 24. Januar 1937.
D’AAT vertrëtt als eng vun den Ënnerorganisatiounen vun der CGFP haaptsächlech d’Interessen vun den Handwierkerinnen a Handwierker beim Staat, déi bis den 1. September 2025 am groupe de traitement D1 waren. Dëse Dag ass eng Harmonisatioun vun den ënneschte Karriären an der Fonction publique a Kraaft getrueden; aktuell gehéieren dës Agenten zum groupe de traitement C1.
Als Grënnungsmember vun der APFP (gegrënnt 1952) ass d’AAT zesumme mat 8 anere Memberorganisatiounen vun der CGFP am Gremium vertrueden. Gemeinsam engagéiere mir eis fir d’Rechter, d’Aarbechtskonditiounen, d’Sozialbedingunge an d’Beruffsentwécklung vun deenen Agenten, déi aus der fréierer „Kariär inférieur“ stamen.
Zousätzlech setzt d’AAT sech fir folgend Ziler an:
-
Schutz an d’Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen an der Sécherheet op der Aarbechtsplaz;
-
Faire Entlohnung, transparent Lounstrukturen an adequat Karriärméiglechkeeten;
-
Berufflech an perséinlech Weiderbildung am Kader vum Lifelong Learning;
-
Verhandlungen vun eise kariärspezifesche Fuerderungen mam Staat an de relevanten Instanzen;
-
Stäerkung vum sozialen Zesummenhalt an der Gewerkschaftsgemeinschaft